Am Grupp Concours gëtt 2 Mol d’Woch 2 Stonnen trainéiert an si ginn e puer Mol am Joer ob regional Concoursen.
D’Meedercher ginn vun eisen Trainer erausgesicht.
An eise Kannergruppen léieren är Kleng spilleresch hier motoresch Fäegkeeten. An dat Ganzt mécht och nach Freed a Spaass!
Ët gëtt gelaf, gesprongen an och turnerësch Elementer geléiert. Lues a lues ginn mer ob all d’Geräter an och déi méi Grouss léieren vill Elementer vun der gymnastique générale. Wann se sech gutt druginn an hiert Talent ausnotze kënnen, wiesselen se an de Grupp Concours.
Trainingszäiten:
Spillschoul (4-6 Joër Cycle 1.1-1.2)
Mini-Loisirs (6-10 Joër Cycle 2.1-3.2)
Junior Senior Loisirs (11-26 Joër)
Weider Informatiounen:
Fischer Sam +352 691 607 125
secretariat.sghousen@gmail.com
Beim Kannerdanzen geet ët drëm mat einfachen Übungen Bewegungsofleef ze léieren. Mat einfache Choreographien a Musek, mat Beweegungsspiller kréien är Kanner lues awer sécher hire Kierper ënner Kontroll. Mir üben och verschidden Dänz fir eise Gala a wann se méi grouss ginn, kënnen se och schonns méi komplizéiert Choreographien an Dänz léieren.
Trainingszäiten:
Danzen (4-9 Joer)
Danzen (ab 10 Joër)